D‘Schoulkanner aus der Bäertëffer Gemeng weisen e grousst Häerz.

No 2 Joer Pandemie, konnt dëst Jar rëm d’Schockela-Sammelaktioun fir “Stëmm vun der Strooss” vun den Elterevertrieder organiséiert ginn.

D’Kanner konnte wärend enger Woch hir Séissegkeeten, déi Si vum Kleeschen a vu Liichtmëssdag ze vill haten, mat an d’Schoul bréngen an, an eng Sammelkëscht ginn.

Hei zu Lëtzebuerg gëtt et vill Leit, deenen et net sou gutt geet, an déi sech iwwert e puer Schneekegkeeten freeën. “D’Stëmm vun der Strooss” këmmert sech ëm genau dës Leit. An dofir koum Méindes de 6. Mäerz, den Här Bob Ritz vun der Stëmm fir d’Séissegkeete sichen ze kommen, an de Kanner e bëssen ze verzielen, wat “Stëmm vun der Strooss” ass, a wat Si Alles maachen, fir deene Leit, déi Dag fir Dag bei Si kommen, ze hëllefen.

D’Kanner konnten houfreg sënn, an dem Här 5 Këschten voll Séissegkeete mat ginn. Den Här Ritz huet, am Numm vun de Leit, de Kanner e grousse Merci gesot.