D'Kanner aus der Bäertëffer Gemeng ware klibberen.

No 2 Joer Pandemie waren d’Kanner aus der Bäertrëffer Gemeng frou, endlech rëm All zesummen mat hire Lampionen duerch Dierfer ze zéien, fir de Leit en traditionellt Lidd ze sangen an hir schéi Lampionen ze weisen.

D’Kanner an hir Elteren haten sech an der Kierch resp zu Bollendrëf getraff, a no enger klenger Kannerseenung sënn d’Kanner duerch Duerf gaangen. Duerno hunn si hir Séissegkeeten gedeelt, an d’Kanner an hir Elteren kruten no dem laangen Tour e gudde Schocki oder e Kaffi zerwéiert.

E grousse “MERCI” un d’Leit fir hir Generositéit, an un d’Kanner, datt si déi al Traditioun um Liewen erhalen.