Liichtmësskanner vu Berdorf spende fir de Ciné Sura

Wéi am Virfeld scho matgedeelt, hunn d’Bäertrëffer Kanner en Deel vun hirem Liichtmëssgeld un de Ciné Sura vun Iechternach gespent. Nodeem bekannt gouf, datt de Kino en neie Projekter brauch, an dofir Spende gesammelt goufen, huet een sech emol Gedanke gemaach, datt de Ciné Sura an sech keng Selbstverständlechkeet ass. Et ass e léiwe klenge Kino, dee mat vill Häerzblutt an Idealismuss gefouert gëtt. Mir sënn Alleguer frou, datt et dee Kino gëtt, a mir hoffen och, datt mir nach vill flott Momenter mat eise Kanner am Ciné Sura verbrénge kënnen. An dofir hunn d’Kanner och gär en Deel vun hire Sue gespent. Als kleng Belounung krut all Kand, niewent dem Rescht Liichtmëssgeld och nach e Kinosticket. Mir soen de Kanner e grousse Merci fir hiren Asaz a wënschen hinne vill Freed am Kino.