Eltrecomité an der Gemeng Préizerdaul

Mam neie Schoulgesetz gouf déi legal Basis fir een Eltrecomité geschaaft, deen an énger grousser Versammlung vun allen Eltren gewielt gouf, dëst virun engem gudde Joër a vir eng Dauer vun 2 Joër. Am Préizerdaul besteet dee Comité aus 8 Leit. Kierzlëch wor dann eng Versammlung fir iwwer déi weider Aktivitéiten ze schwetzen an och fir iee klénge Réckbléck op dat éischt Joër ze werfen. Et konnt een op eent erfollegraicht éischt Joër zréckkucken matt flotten Aarbechten a gudden Iddien. Mee wat sinn d’Rechter an d’Pflichten vun dësem Eltrecomité? Net mol am Gesetz ass dat definéiert, sou dass déi Gewielten sech mol fir d’éischt hir Gedanke gemeet hunn, wat d’Funktiounen vun engem Eltrecomité sinn.

Am Laf vum leschte Joër gouf zesumme matt den Enseignanten ee ”règlement d'ordre interne” vir d'Schoul opgestallt. Desweideren goufen och Virschléi fir d’Kantin an d’maison relais ausgeschafft a virbruecht. Um Schoulfest huet den Eltrecomité sech em de Catering bekëmmert.

Et ass ze betounen dass den Eltrecomité kéng Funktion als Médiateur huet fir am Fall vu perséinleche Problemer tëschent engem Member vum Schoulpersonal an den Eltre vun engem Schüler ze vermëttelen. Den Eltrecomité ass vill méi do, fir dofir ze suergen dass et guer net dozou kënnt. An Zesummenaarbecht matt dem Schoulpersonal sollen allgemeng Problemer an der Schoulorganisatioun geléist ginn.

Dem Schoulpersonal an hiere Cours draschwätzen ass matt Sëcherheet net de Wonsch an och net d’Pflicht vum Comité. Éischter gi Propositiounen gemeet déi de Cours ergänzen an de Comité gëtt och seng Meenung zu verschiddenen Aktivitéiten of.

Dëst Joër soll dann ee Projet ausgeschafft ginn am Kader vum “plan de réussite scolaire”, een Dräijoresplang deen och vum Gesetz virgesinn ass. Eng fruchtbar Zesummenaarbecht mam Schoulcomité ass dat Wichtegst fir den Eltrecomité. Nëmme sou kann een zesummen eppes erreechen.
Dem Eltrecomité ass et wichteg dass d’Kanner rem besser mateneen eenz ginn, méi ziviliséiert mateneen ëmginn. Déi sozial Kompetenzen, matt Sëcherheet ausserschoulësch Kompetenzen, sollen ewer grad do entwéckelt ginn. Wou geet dat dann besser wéi do wou een matt villen an ënnerschiddleche Leit ze dinn huet? Cycle- a klasseniwwergräifend sollen Aktivitéiten organiséiert ginn. D’Kanner vu verschiddenen Altren solle gemëscht ginn. Ee soll vun deem aneren léieren a natierlech een deem aneren hëllefen. Dëst wäerten sie dann och an hier Proposen abréngen.

Op der Foto vu lénks no riets:
2. Rei: Ginette Weyland-Gantenbein, Fons Schroeder, Jeanny Koenne-Lagodny, Jean- Luc Seyler, Marléne Kler-Grosdidier
1. Rei: Ariane Eberwein, Chantal Steies, Michèle Schiltz