Ausstellung Rolf Ball

De gutt bekannten elsässeschen Iconen-Moler Rolf Ball, dee schonn a Frankräich, Däitschland, Schwäiz, Italien a Lëtzebuerg ausgestallt huet, huet elo och de Wee op Bettel fonnt, fir do seng faarwefrëndlech Wierker ze presentéieren.

De Rolf, deen 1945 zu Stroossbuerg gebuer ass an a jonke Joren der Molerei verfall ass, hat sech séier decidéiert, Artistiques aux Arts décoratifs ze studéieren. Wann een dem Rolf seng Biller analyséiert an him dann nach déi eng oder aner Fro stellt, da kënnt een an d'Schwäermen an et gesäit een ëmmer eppes anescht a senger Konscht.

Vill Leit hate sech deplacéiert, fir mam Rolf Ball a senger Fra e puer Wuert auszetauschen a seng Konschtwierker ze bewonneren.

Fir der Firma Electricité Back, déi him d'Raimlechkeeten zur Verfügung stellen, Merci ze soen, huet de Kënschtler e gudden elsässesche Wäin a Gugelhupf matbruecht an domat den elsässesche Flair komplett gemaach.

D'Ausstellung ass op vu méindes bis freides vun 8.00 bis 17.00 Auer.