Expo Gast 2014

Mir waren mat Frenn e bessien eng anner Konst bewonneren. Vill Leit haten sech zesummen fonnt vir den Optakt vun der Expo Gast 2014 matzeerliewen.Et as een Handwierk awer et sin net nemmen Handwierker me och Kenstler déi do hier Wierker presentéieren.Vill Phantasie an eng roueg Hand sin gefuedert. An wann een dann och nach op verschieden Sproochen an mat Hänn an Féiss versicht krit ze erklären wat sie sech drenner virstellen as schon Impressionnant. Mir konnten just nach staunen. Déi 1 Haal weisst engem wat mir vir eng rieseg Auswahl un Produkter hun vun Fesch, Fleesch, an engem riesegen Uebst an Geméisgaart.Natirlech durften déi séiss Saachen vun eisen Bäcker, Patissier´en Chocolatier´en an all den Schnekerten net feelen. Baal jidderengem konns de iwer d´Scheller kuken an zum deel Froen stellen wat sie machen an wéi dat geet. Rieseg Konschtwierker konnt een mat groussen Aen bestaunen, esou guer an Ost- Europa hun se eist Letzeburger Wort kannt wou den Titel Expo Gast 2014 as fennt een aus Zockermass op dem Kichendesch leien. An op d´Fro wéi lang si drun geschafft huet um Konschtwierk koum kurz a knapp 3 Wochen an huet eis prompt e klengen Film iwer hier Arbecht gewissen. Et as definitif e Besuch wärt.