Coupe Jacques KREMER.

Dee leschte Sonnden hat den FC72 Ierpeldeng d'Coupe Jacques Kremer, an Erënnerung un hire laangjärige Spiller, Jugendtrainer Komiteesmember a Vize President organiséiert.

Déi 2 Maetcher vun den Eliminatoiren goufen an der Woch bei guddem Wieder gespillt , mä e Sonnden huet dee ville Reen den Oflaf vun de Finale nawell staark gestéiert an et huet misse bëssen improviséiert ginn.
Beim Match ëm di 3. Plaz huet den FF Norde sech mat 2 – 0 géint d'Jeunesse Schieren duerchgesat. An der Finale tëscht UNA Stroossen an dem FC72 Ierpeldeng stong et no flotte 90 Minuten gerecht 2 – 2. D'Elefmeterschéissen huet d'Decisioun misse bréngen an do huet Stroosse sech mat 4 – 2 behaapt an domatter d'Coupe vum Gewënner mat Heem geholl.

Trotz dem schlechte Wieder ware ganz vill Leit bei der Finale an och duerno bei der Receptioun derbäi, wou de Carlo Kremer, Fils vum Jacques Kremer, d'Coupen un di 4 Kapitänen iwwerreecht huet.