150 Joer-Feier Kolping Lëtzebuerg

Kolping Lëtzebuerg verdeelt 150.000 € u sozial Wierker
Dee läschte Sonndeg huet de Kolping Lëtzebuerg seng 150 Joer gefeiert. Zu Miersch an der Dekanatskierch huet d’Feier mat enger Mass ugefaang, déi konzelebréiert gouf vum Generalpräses vu Kolping International, dem Msgr Ottmar Dillenburg Kolping, dem Deche Felix Steichen vu Miersch, dem Abbé Georges Vuillermoz . Gesanglech a musikalesch hunn d’Chorale an d’Musek vu Miersch de Gottesdéngscht verschéinert, well se deen Dag och hir Patréinesch gefeiert hunn, d’Hl. Cäcilia.
No der Mass war zu Bieschbech am Blannenheem déi offiziell Feier. No der Begréissung vun der Presidentin vu Kolping Lëtzebuerg, der Mme Marie-Jeanne Brauch-Klein, war et den Abbé Georges Vuillermoz deen d’Gréiss un de Jubilarveräin geriicht huet, an dat als Vertrieder vum Äerzbëschof. Aus den Hänn vum Msgr Dillenburg krut de Pool Schroeder eng Spezialurkund vu Kolping International a vum Marie-Jeanne Brauch-Klein d’Urkund mat dem Eierepresidententitel. A senger Festried huet de Msgr Dillenburg den Adolph Kolping als Virbild duergestallt, an een Opruff un d’Lëtzebuerger Kolpingsmembere gemach och an deem Sënn weiderzefueren an, souwäit et méiglech ass, weider auszebauen.
Uschléissend huet de Kolping Lëtzebuerg net manner wéi 12 Schecke verdeelt am Géigewäert vun 150.000 €. 11 Schecken si fir sozial Wierker hei am Land an een fir Kolping International fir hire Projet an Afrika. De Schwäizer Vertrieder vun Dietikon huet fir de Gebuertsdag gratuléiert an dem Pool Schroeder ee grousse Merci gesot fir déi jorelaang gutt Relatiounen.
Folgend Membere kruten d’Kolpingspéngel fir 50 Joer Memberschaft iwwerreecht: Pool an Henriette Schroeder-Schmit, Ed. Wagner, Gast a Josette Koch-Putz, Jeng an Lotti Funck-Schumacher, Bormann Théophile, Jo an Odile Weiser-Dumont. Daat klengt Melina huet deene Geéierten ee Stännchen um Saxophon gespillt.
D’Eesse koum aus der Kiche vum Blannenheem a gouf vun hire benevole Memberen zerwéiert. Et huet jidderengem wonnerbar geschmaacht an dofir goung och ee grousse Merci un den Direkter Hoffmann a seng Equipe.
Déi ganz Feier huet de Vizepresident vum Zentralkomitee, de Fons Schmitz moderéiert an a gekonnter Manéier duerch dee chargéierte Programm gefouert.
Ee Sträicher-Quartett mam Christelle Klees, Julie Adalsteinsson, Anne-Catharine Feltgen an dem Sarah Draut huet, duerch hiert präzist Zesummespill, der ganzer Feier nach méi ee festleche Cachet ginn.
Sou ass dës Feier vill ze séier op een Enn gaang, déi ganz am Zeeche vu finanzieller Ënnerstëtzung u sozial Wierker gestanen huet.

Text: Fons Schmitz