D'Equipe vum Centre Kompass (Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale asbl) huet e Mëttwoch, de 16. September de Déierenasyl zu Diddeleng besicht.
Am vergaangene Joer hat d'Equipe mat hiren Educateuren un engem Projet mat Therapiemuppe geschafft. Op eng privat Initiativ hin, war en Agility-Parcours gebaut ginn, deen am Projet "Hondskontakt" zum Asaz koum. Nodeems de Projet eriwwer war, ass no Abnehmer fir den Agility-Parcours gesicht ginn an den Diddelenger Déierenasyl huet déi Serie vun exzellente Geräter dankend entgéint geholl. De ganze Summer hunn d'Benevolen aus dem Asyl mat "hire" Muppen um Parcours geschafft, déi dës Ofwiesselung sichtlech begeeschtert huet (cf Fotosgalerie Muppesummer a Fotoalbe vun enzelne Muppen op www.asile.lu).
Während der flott verlafener Besichtegung vum Asyl konnten d'Leit vu Kompass zum Schluss och verschidde Muppe beim Spill um Agility-Parcours nokucken.