Am Kader vun hirem Klasseprojet hu 6 Schüler vun enger 13e aus dem LTB sech mam Uschafe vun engem Hausdéier mat all senge Konsequenzen ausenee gesat.
Niewent enger professionell opgemaachter an am Sënn vum Déiereschutz ganz informativer Brochure, wou all Aspekter vum Zesummeliewe mat engem Mupp beliicht ginn, huet de Projet WOOF och enger Rei vun Déiereschutzorganisatiounen, resp. Lëtzebuerger Déierenasyler eng Plattform gebuede fir sech an hier "Fleegekanner" virzestellen. Während 2 Deeg, vun deenen 1 fir de Public an 1 fir d'Schüler vum LTB virgesi war, konnten d'Stänn vun de jeeweilegen Associatioune besicht an sech weider informéiert ginn.
Stephanie Almeida, Carlos Dos Santos, Marina Ferreira, Mike Granja, Sara Paulina a Luis Sousa - begleet vun hirer Enseignante, der Madame Julia Retzlaff - haten sech d'Ziel gesat doriwwer ze informéieren, wat et bedeit, e Mupp an d'Famill ze huelen. De Projet WOOF soll doriwwer eraus déi zukünfteg Déierenhalter sensibiliséieren, datt en Déier e LIEWEWIESEN a keen Objet ass, iwwert dat ee fräi an no jeeweileger Loscht a Laun verfüge kann.Esou kéint méiglechst vill oniwwerluechtent Uschafe vun Déiere vermidde ginn an domadder den Déiere vill Misär a Leed erspuert bleiwen.
Als Déierenasyl, deen all Dag mam Leed vun onerwënschten, net aartgerecht an onfair behandelten Déiere konfrontéiert gëtt, ass eng Aarbecht wéi de WOOF-Projet vu grousser Bedeitung. Niewent der Weidervermëttlung vu gezielten an objektiven Informatiounen, déi zum Nodenken ureege sollen an domadder zukünftege Misär verhënneren, ass et fir de Lëtzebuerger Déiereschutz vu grousser Wichtegkeet, datt sech jonk Leit fir d'Wuel vun den Déieren asetzen an domadder d'Zukunft vun eiser net einfacher Missioun fir de Schutz vum Déier ofsécheren.