Kierzlech waren déi jonk Membere vum Diddelenger Kannergemengerot zu Besuch am Regionalen Déierenasyl Diddeleng.
Déi ganz um Wuel vun den Déieren interesséiert Kanner a Jugendlecher hu während der Visite vum Asyl vill Froen iwwert de Fonctionnement vum Déierenasyl, awer och iwwert den Déiereschutz am allgemenge gestalt a waren och ganz houfreg dem Déierenasyl e Scheck vun 225€ fir déi verloosse Muppen a Kazen ze iwwerreechen. Dës Zomm haten si bei engem Kannerfloumaart duerch de Verkaf vu gebrauchte Spillsaache gesammelt.
E grousse Merci fir déi motivéiert jonk Leit an hiren Engagement!