Och dëst Joer haten d'Arlette an de Romy Folschette, hiert traditionellt Grill-Fest beim " Arlette a Romy " fir hir Frënn an d'Famill zu Betten op der Mess organiséiert.
Wéi schonn déi Joere virdrun, huet déi sympathesch Koppel op Kadoen a Blumme verzicht an amplaz Spende fir den Regionalen Déierenasyl-Diddeleng gesammelt .
Am Kader vun enger klenger sympathescher Reunioun - bei deeër natierlech den Thema Déierschutz a besonnesch de Projet vum neien Diddelenger Asyl am Virdergrond stongen - hunn d'Arlette an de Romy mat hirem Mupp Sam den 28. August 2017 hir generéis Spend vu stolzen 900€ iwwerreecht.
Déi verloosse Muppen a Kazen aus dem Regionalen Déierenasyl Diddeleng soe villmools Merci fir dee schéinen Don.