Hond um Wee an d'Vakanz ausgesat?

Um Wee an d’Vakanz den Hond ausgesat?

Haut de Mueren um 7 Auer 30 hunn d’Déierefleeger virum Asyl eng Partie Géigestänn fonnt, déi dorop schléisse loossen, datt an der Nuecht en Hond un d’Asylscloture gestréckt gi war. Leider huet d’Déier sech awer befreie kënnen – wéi un der duerchgebassener Léngt ze gesi war -  an ass wahrscheinlech a Panik fortgelaf. Den ehemalege Proprietär hat niewent ale Kleedungsstécker awer och den Impfpass vum Hond dogelooss, sou datt elo Recherche gemaach ginn an deejéinegen, deen den Hond ausgesat huet, zur Verantwortung gezu gi kann.

Laut Impfpass handelt et sech beim Hond ëm e männleche 5jährege  brong/wäisse Labrador x Pitbullmix, deen ursprénglech aus Spuenie staamt.


Mëttlerweil ass den Hond erëmfonnt ginn an a Sëcherheet bruecht ginn.