BACK TO THE STAGE

An enger Zäit wou déi kulturell Scene et net einfach huet fir sech ze weisen, muss ee kreativ ginn. "BACK TO THE STAGE" war ee Livestream Concert den 10. Abrëll dee mir, The Young So(u)ls, an d'Liewe geruff hunn. D'Bühn huet no eis geruff an all Eenzele vun eis huet et vermësst op der Bühn ze stoen. Sech un déi Situatioun ze gewinnen, dass de Sall ganz eidel ass, ausser eng Kamera déi dat ganzt op Youtube iwwerdréit, ass net sou einfach. Zweschent de Lidder ass et roueg an et gesäit ee just puer Emojien duerch den Chat fléien, dat ass den Applaus vun haut. An trotzdeem huet et eis onendlech vill Spaass gemaach an de positive Feedback vun eisen Zuschauer huet eis bewisen, dat mir villes richteg gemaach hunn. Concerte gi vermësst, dat mierkt een un de Leit wéi dankbar si si Livemusek ze héieren, och wann si musse bei sech Doheem an der Stuff setzen an d’Atmosphär net déi selwecht ass. Mir soe jidderengem Merci deen eis gehollef huet des Iddi ëmzesetzen. Un all déi aktuell sanitär Mesurënn hu mir eis natierlech gehalen. Et war bestëmmt net fir d'Lescht dat mir eis mat engem Livestream mellen, mee mir ginn d’Hoffnung net op, erëm den Applaus vun den Zuschauer héiere ze kennen. Mee bis dohin, loosse mir eis nei Saachen afale fir eis Freed un der Musek mat Iech dobaussen ze deelen. :)