The Young So(u)ls and Friends an Chrëschtdagsstëmmung

Sonndes den 18. Dezember hunn The Young So(u)ls an hir Friends d'Publikum erëm op Housen op hiren traditionellen Chrëschtdagsconcert invitéiert. Um Programm stoung eng wonnerschéin dekoréiert Bün, lauter flott, modern Chrëschtdagslidder, déi een um Radio net sou oft ze héieren kritt an puer vun hiren neisten selwer geschriwwenen Lidder. Nom Concert war d'Begeeschterung grouss an mat engem leckeren Schocki oder Glühwäin an engem klengen Maufel gouf deen gelongenen Owend ofgeschloss.

Sie freeën sech schonn iech spéitstens d'nächst Joer erëm Begréissen ze dierfen!