The Young So(u)ls Christmas Special

Een onvergiesslechen Owend, mat vill Musek a Freed geet op een Enn.

De 16. Dezember hunn The Young So(u)ls op hiren "Christmas Special" invitéiert. Gutt virbereet waren si voller Hoffnung, déi net sou ideal Editioun (wéinst der Fussball WM a gemelltem Glëtz) vum leschte Joer ze iwwertreffen.

20:00 Auer, de Sall war voll, ongeféier 250 Leit hunn de Wee op Housen fonnt an hunn zesummen déi modern Chrëschtdagsmusek gefeiert, een onvergiesslechen Owend fir jiddereen.

"Wat ech esou schéi fannen, dass bei eis um Concert all Generatiounen zesumme kommen. Vun Jonk bis Aal genéisst jiddereen zesummen de Moment" esou d'Sängerin Diana Arens.

Een Zuschauer seet, " duerch är Interpretatiounen, kann ech elo Chrëschtdagsmusek lauschteren", vun aneren kruten si gesot, dass een all Joer gesäit wéi vill Méi dohannert stécht an, dass si ëmmer erëm komme wäerten.

De Feedback war duerchaus positiv, wat der Band elo scho Loscht mécht fir d'nächst Joer nach eng Schëpp drop ze leen.

Save the date

-21.12.2024-