The Young So(u)ls and Friends an Chrëschtdagsstëmmung

Den 21. Dezember haten The Young So(u)ls hiren Traditionellen Chrëschtconcert. Dëst Joer hunn si zesummen mat hiren "Friends" d'Leit mat villen schéinen Momenter verzaubert. Wei all Joer haten si net nëmmen eppes vir d'Ouer mee och eppes fir d'Aen an zwar eng wonnerschéin Bühn ganz ënnert dem Thema Chrëschtdag. Déi iwwert 200 Zuschauer déi do waren waren zefridden an haten een schéinen Owend an dat ass dat wat zielt.

Een groussen Merci geet nach eng Kéier un all déi Leit déi eis op iergendeng Aart an Weis ënnerstëtzt hunn!

Schreift Iech also lo well den 19. Dezember 2020 an de Kalenner, wann Dir d'nächst Joer net verpassen wëllt :)