E generéisen fir de Regionalen Déierenasyl Diddeleng

Amplaz vu Kadoen zum Joresofschloss huet d'Personal vun der Kayler Gemeng en Don gewielt, deen ënnert verschidden Organisatiounen, déi sech fir d'Wuel vu Mënsch oder Déier asetzen, opgedeelt ginn ass. Esou gouf de Regionalen Déierenasyl Diddeleng mat enger Spend vun 2000 € beduecht, zu Gonschte vun de verloossene Muppen a Kazen, vun deenen 80 % besonnesch aus de Südgemengen, mee och aus allen aneren Ecken aus dem Land kommen.

E grousse Merci fir dëse generéise Geste!