75 Joer Gaart an Heem Kielen/Ollem

De 75. Gebuertsdag vun der Gaart an Heem Sektioun Kielen/Ollem gouf den 2. Oktober am Kader vum traditionelle Vizfest gefeiert. A senger Usprooch kount de President Joël Adam ë.a. d’Presidentin vun der Ligue Martine Mergen an d’Membren Tina Irthum an Daniel Frieden vum Zentralkomitee vun der Ligue begréissen. A sengem Réckbléck huet hien di sëllechen Aktivitéiten vun der Sektioun an all deene vergaangene Joeren beliicht. Erausgepickt sief d’Realisatioun vun engem Adventskranz am Joer 1992, dee gréisste vun der Welt, deen et bis an d’Guinessbuch vun de Rekorder gepackt hat! Zanter eppes méi ewéi 15 Joer steet de Schouloart am Mëttelpunkt vun den Aktivitéiten vun der Sektioun. E sëlleche Schoulklassen kommen all Joer an de Gaart a léiere Séinen, Planzen an Eraushuelen. Besonnesch Freed mécht de Kanner d’Schmaachen an d’Verschaffen vum Uebst a Geméis. Zanter dësem Joer gëtt et och deen éischten Hunneg aus dem Schoulgoart. Fir de ronne Gebuertsdag gouf extra eng Drëpp mat de Biren aus dem Schoulgoart bei engem vun de Brenner aus dem Duerf gebrannt.

An Zäite wou vill Sektiounen uechtert d’Land opgeléist ginn, wier et flott ze gesinn, wéi aktiv di lokal Sektioun ass, esou d’Presidentin Martine Mergen vun der Ligue. Besonnesch d’Initiative „Schoulgaart“ ass an dësen Zäite vu grousser Wichtegkeet.

De Buergermeeschter Félix Eischen huet ënner anerem betount, dass d’Gemeng Kielen bestrieft ass, Terrain zu Verfügung ze stellen, fir an Zukunft de Läit Gardeparzellen unzebidden. Mat de beschte Gléckwéinsch fir d’Zukunft huet hien am Numm vun der Gemeng op den Gebuertsdagspatt invitéiert.

Nom Opschneide vum Gebuertsdagskuch war d’Vizfest lancéiert an trotz dem naasse Wieder gouf ee flotten Dag beim Kielener Poretteclub verbruecht.

(Fotos: Willy Suys)