Flotten Erfolleg fir di 18. Editioun vum Kielener Brennereifest

2020 huet d’Brennereifest, wéi esouvill aner Manifestatiounen, wéinst dem Corona mussen ofgesot ginn. Dëst Joer konnt et erëm, ënnert dem Covid-check statt fannen.

Vill Läit hunn dann och dervu profitéiert fir der Brennesch Caroline bei der Aarbecht iwwert d’Schëller ze kucken.

D’Frënn vum Brennereimüsee hunn derfir gesuergt, dass keen Honger an Duuscht huet musse leiden.

De Brennereimüsee war gutt besicht a vill hunn der gestaunt, iwwert di ganz besonnesch Ausstellungsstécker.

Fir de musikaleschen Encadrement huet d’Kielener Musek gesuergt.

Vive d'Editioun 2022!

Fotoen: Willy Suys