SICA Help-Center zu Kielen fir Flüchtlingen aus der Ukrain

Um 7. Juli 2022 huet de SICA op eng kleng Feierstonn invitéiert, fir deene villen Fraiwellegen MERCI ze soën, di an de leschte Wochen a Méint iwwer 2.200 Stonnen Zait opbruecht hunn, fir de Flüchtlingen aus der Ukrain heiheem ze hellefen.
De President Luss Koch huet a sénger Usprooch grousse Respekt fir di Aarbescht ausgedréckt. 20.000 Kilo Kleeder, Schung, Spillsaachen an aner Géigestänn konnten esou als Direkthellef un di Bedūrfteg verdeelt ginn.
Wat all di Benevol mat deem Asatz geleecht hunn, wier exemplaresch!
Et wier ze hoffen, dass den Help-Center geschwenn séng Dieren kéint zoumaachen an dass dee Krich eriwwer wier, mee do geséich hien awer schwaarz, sot de President Luss Koch nach.
Och d’gratis zu Verfügungstellen vun enger Hal am Filmland vum Proprietär gouf besonnesch gelueft.
Den Éirekonsul aus der Ukraine huet di phantastesch Solidaritéit vun de Lëtzebuerger ganz besonnesch erfirgestrach.
Uschléissend gouf et ee klenge Cadeau fir all Benevolen an de Patt an de Mauffel ware wuelverdingt.