Éierung vu SICA-Mataarbechter

De 17. Mäerz 2023 hat de Bureau vum SICA op eng kleng Feierstonn an de Restaurant "Aal Schoul" op Habscht invitéiert.

An deem Kontext goufen 3 verdéngschtvoll Mataarbechter geéiert:

De Claude Biver an de Carlo Haupert, di all béid hier wuel verdingte Pensioun ugetrueden hunn, an de Charel Bourquel fir 20 Déngschtjoeren am SICA.

Ee passend Geschenk gouf hinnen dräi vum President Luc Feller bei dëser Geleeënheet iwwerreecht.

Duerno goufen nach e puer gemitterlech Stonnen bei engem gudde Maufel an engem Pättchen verbruecht.

Fotoen: Willy Suys