Aktioun "Gesellschaftsspiller" zu Kielen am Recycling-Center

Während der Corona-Pandemie hu Gesellschaftsspiller eng Renaissance erlieft. An der Famill gouf erëm méi beienee gesiess an et hat een erëm Zäit fir zesummen “ze spillen”.

Traditionell ass dat och an den Hierscht- a Wanterméint de Fall. Oft stinn awer och deeër Spiller fir Kanner a Grousser zanter Joeren am Schaf a ginn nit méi benotzt. Bréngt déi bei eis an de Recycling-Center op Kielen a maacht anere Leit eng Freed dermat.

Wichteg ass, dat se méiglechst komplett sinn, dofir kontrolléiert se, ier der se bei eis of gitt.

Eise Motto: Weider gebrauchen ass besser wéi ewech geheien!