Aktioun "Luuchten" zu Kielen am Recycling-Center

Den Hierscht huet ugefaangen, d’Deeg gi mi kuerz an et gëtt vill méi fréi däischter.

D’Luuchten am Haus spillen dowéinst erëm méi eng wichteg Roll. Oft huet een nach di eng oder aner Steeluucht, Dëschluucht oder och Lüsteren Doheem stoen, di nit méi gebraucht ginn. Mir sammelen déi um SICA, kontrolléieren se op hiren Zoustand a flécken se no Méiglechkeet, ier aner Leit se dierfe mathuelen.

Dofir bréngt äer Luuchten di der nit méi braucht, bei eis op Kielen an de Recycling-Center a maacht aner Leit eng Freed dermat. Och all Zorte vu Biren, di Dir nit méi braucht, kennt der gären bei eiser Aktioun “Luuchten” afginn.

Eise Motto: Weider gebrauchen ass besser wéi ewech geheien!