De SICA vu Kielen war op Iechternach hëllefen

Nom Héichwaassermisär op ville Plazen am Land a ganz besonnesch och zu Iechternach, an dem Opruf vun do fir Fraiwëlleger ze fannen, fir hëllefen raumen a botzen ze kommen, huet de SICA séng spontan Hëllef ugebuedden.

Mat 6 groussen Container- a Sperrmüllcamionën an 9 fraiwëllege Mataarbeschter ass de SICA um fréie Sonndegmoien (18. Juli) zu Iechternach ugereest.

Ronn 70 Tonnen verdreckste Miwwel an aner Offäll goufe vun der SICA-Equipp opgelueden an bei de SIGRE gefouert.

Mee och an de SICA-Membergemengen gouf et zum Deel ganz vill Schued duerch d'Héichwaasser an no Méijlechkeet huet de SICA sénge Gemengen mat Container a separate Collecten ausgehollef.