Vor 100 Jahren verstarb Ferdinand Adam

Virun 100 Joer ass de Ferdinand Adam vill ze fréi am jounken Alter vun nëmmen 32 Joer verscheed.
Hie war Jurist an duerno Friddensriichter. Hie war ee Kielener Jong, de Fils vum Jean Adam, dem Grënner vun der Brennerei Adam.
Kuerz nom Enn vum 1. Weltkrich gouf hie vun der Lëtzebuerger Regierung an d‘Schwaiz beuerdert fir d‘Intressen vun eisem Land ze verdeedegen.
Wéinst der Haltung vun eiser Monarchie am 1. Weltkrich stung eis Onofhängegkeet op der Kipp.
D‘international Press huet nit mat Kritik gespuert iwwert d‘Haltung vun eiser Groussherzogin Maria-Adelheid am Krich.
De Ferdinand Adam hat als Missioun eist Land erem an ee bessert Liicht ze stellen.
Dass mer finalement eis Onofhängegkeet an eis Monarchie behalen hunn, ass och, a ganz besonnesch, him ze verdanken!
Leider ass de Ferdinand Adam kuerz no séngem Retour aus der Schwaiz un enger mysteriéiser Krankheet vill ze jounk verscheed.
Vlaicht wier et elo emol un der Zait, dass an der Kielener Gemeng eng Strooss no him benannt géif ginn, fir séng Verdingschter ze würdegen.....