Gala-Concert "Big City Lights" vun der Monnerecher Musek

Den traditionelle Gala-Concert vun der Monnerecher Musek stoung dëst Joer ënnert dem Thema "Big City Lights". Mat Wierker wéi "Festmusik der Stadt Wien", "An American in Paris" oder "Submerged City" huet d'Monnerecher Musek ënnert der musikalescher Leedung vum Sebastian Geis eemol méi hiert Kënnen ënner Bewäis gestallt. De Chef selwer huet sengersäits dat bekannte Bravourstéck fir Trompette "Carnaval de Venise" interpretéiert a mat Brio gemeeschtert. Matt "Godzilla eats Las Vegas" stoung eng aussergewéinlech Kompositioun um Programm, déi de Musikanten net nëmme musikalesch, mee och theatralesch alles ofverlaangt huet an de Publikum schmunzelen oder eventuell fäerte gedoen huet. D'Monnerecher Jongbléiser hunn och dëst Joer erëm e formidabele Bäitrag geleescht. Si stoungen ënnert der Leedung vum Claude Mander. Am Laf vum Owend goufen awer och UGDA-Medailen u verdéngschtvoll Memberen iwwerreecht. No den zwou gefuerderten Zugabe goung e flotte musikaleschen Owend zu Enn.