Swingin' Nëssert Music, Wine & Dine

Ugangs Februar gouf The Northern Big Band fir eng 3. Editioun vum Dinner Owend vun der Monnerecher Musek invitéiert fir hei de musikalesche Kader ze setzen. Ganz ënnert dem Motto "Swingin' Nëssert - Music, Wine & Dine" huet d'Big Band matt hirer charmanter an talentéierter Sängerin Christine Heitz (aka Krick) de gudd gefëllte Sall an Jazz-Stëmmung versat a wousst erem de Publikum ze begeeschteren. De Bandleader Theo Pessers hat net nëmme bekannten Jazzstandards, wéi The Lady is a Tramp, Mack the Knife oder och What a wonderfull World um musikalesche Programm stoen, mee och Stécker ewéi Just the two of us, Sir Duke oder Welcome to the Jungle goufen am Big Band Stil présentéiert. A matt der Eegekompositioun vun eiser Sängerin Christine Heitz mam Titel "Dance with me" gouf et esouguer eng Uropféierung am Centre Culturel beim Nëssert zu Biergem.

Fir den Owend kulinaresch ofzeronnen, gouf eng Assiette Terre et Mer zerwéiert an do derbäi konnt ee sech excellent Wäiner vun engem Wënzer vu Rouspert schmaache loossen.

No 2 Zugaben fir d'Big Band an zefriddene Gesiichter beim Publikum wéi och beim Organisator goung dee flotten Owend op en Enn.