Oofwiesselungsräiche Concert

Den 28. Oktober haten d'Monnerecher Musek an d'Uergelfrënn Monnerech op en oofwiesselungsräiche Concert an d'Monnerecher Poarkierch agelueden. Op der 4. Editioun vun "Munderchinga Brass and Friends" hun déi dräi Organisten Claude a Philippe Clement an Léon Marx, d'Solisten Sarah Bergdoll (Saxophon) an Sebastian Geis (Trompette), e Flüttentrio, e "Low-Brass" Quartett, wéi och de klassesche Blechbléiserquintett vun der Musek "Munderchinga Brass" hiert Kënnen ënner Beweis gestallt. Ënnerstëtzt goufe si derbäi vu Blechbléiser a Percussionisten aus der Monnerecher Musek. Um Programm stungen souwuel barock a klassesch Wierker, wéi och modern, populär an Jazz-Musek. Den Ofschloss vum Concert huet de groussen Bléiserensembel gemaach a belount goufe si alleguer matt vill Applaus. De Publikum huet zwou Zougaben gefuerdert.