We swing, you dance

We swing, you dance. Dat war de Motto vum éischte "Swng'in Castle" e Samschdeg, den 3. November am Centre Culturel zu Useldeng. Bei klassescher Big Band Musek an engem gudde Maufel z'iessen an ze drénken, konnt een net nëmmen de Solisten Laurent PIERRE (Saxophon) an Christine HEITZ alias Krick (Gesang) nolauschteren, mee och den Dänzer vun "Swing Dance Luxembourg" nokucken. Beim Nokucken sollt et awer net bleiwen, well an der Paus gouf et eng Aféierung an d'Grondschrëtter vum "Lindyhop", deen op Swingmusek aus den drësseger Joren gedanzt gëtt. Vill Leit hun interesséiert matgemaach. Den Ofschloss vum Owend huet natierlech "The Northern Big Band" gemaach an trotz der spéider Stonn huet et dem begeeschterte Publikum esou gudd gefall, datt d'Museker ronderëm hire Bandleader Théo PESSERS gläich dräi Zougaben hun däerfe spillen. Enger Widderhuelung vun dësem Owend steet deemno näischt méi am Wee.