90 Joër an nach emmer rëschteg

Am engste Familjekrees huet d'Laure LUDOVICY-KIMMES vu Rolléng a Präsenz vun de Gemengevertrieder Jean-Marie HALSDORF an Romain MERZIG, den 08.08.21 am Restaurant WAX zu Péiténg hir 90 Joër gefeiert.D'Laure Kimmes gouf 1931 zu Rodange gebuer wou si an de Krichsjoeren och hir Kandheet veerbrueht huet. Als jonk Fra huert si de Beruf vun der Modistin geléiert.

Bestued gouf d'Laure den 16ten August 1955 mam Guillaume Ludovicy (Willy) deen leider schon am Februar 1999 gestuewen as. Aus deem Bestiednis sin 2 Meedecher entstaanen, d'Reine an d'Romaine. Erfreen kann sech d'Laure iwer 2 Enkelen an 5 Urenkelen. Wann och verschidde Saachen nët méi sou richteg gin, as d'Laure awer emmer nach rëschteg. Mer wënschen der Jubilarin nach vill gesond Joëren derbäi.