Assemblée Générale PoA

Dëser Deeg huet de Lokalradio aus der Gemeng Péiténg (PoA-Péiténg on Air) hir Generalversammlung am Home ST.HUBERT zu Péiténg aberuff.D'Iwerwaachungskommissioun ënnert dem Virsëtz vum Gemengescheffen Jean-Marie Halsdorf huet d'Aarbecht vun de villen Benevolaten déi hier Fräizaït fir de Radio gin gelueft an di weider Ënnerstëtzung an Zesummenaarbecht mat der Gemeng garantéiert. De President Claude Frankard huet dun a séngem Virtrag ze verstoë gin, dass d'Mataarbechter vum PoA schon eng gewëssen Erfahrung a Professionalitéit mat bréngen, fir de Matbierger aus der Südregioun vum Land den Alldag mat gudder Musék an lokalen Informatiounen gemittlech ze gestalten. Dofir wier et och nëmmen normal a verständlech, dass de PoA mat un den DAB+ géif gebonne gin an nët als Amateur an/oder Garageradio géif ugesi gin. Covid bedingt, as den Tätegkeetsbericht 2020 vun der Sekretärin Liette MARIN, méi kuerz ausgefall, konnt awer ëmmer nach e permanent Engagement fir dat Joër virweisen. Och de Keesebestand virgedroë vum Tresorier Jean WEILER konnt gutt Zuelen opweisen, wat och vun de Keesserevisoren Alain KRECKE an Patrick REMACLE bestätegt gouf. Op Invitatioun vu PoA gouf et duerno zesummen e gudde Maufel an deen derzou gehéirende Patt.