*La nature et l'énergie des aliments*

Ënnert dem Thema " La nature et l'énergie des aliments" hat de weltbekannte Stärekach Tony TINTINGER de läschten Donneschden a "ROUSEN* zu Péiténg de Vernissage vun séngen fantasteschen Fotoën vun Alimenter. A Präsenz vum Buegermeeschter Pierre MELLINA vu Péiténg, dem Buergermeeschter Raymond WEYDERT vun Niederanven, dem Präsident Roland BREYER vum SITP a villen Gäscht huet den de mëttlerweil pensionnéierten Stärekach séng Passioun fir di speziell Art vun Fotografie erklärt.

Desweideren huet hien sech e weideren Hobby zougeluecht, nähmlech deen vun de Peffermillen. Als Liebhaber vun de ville Pefferzorten, huet den Tony sech eng Dréibänk kaaf an Peffermillen aus verschiddenen Holzarten gedréiht. "Dass all Millen en Unikat as versteet sech ", sot hien "well et as nët méiglech eng wie di aner ze maachen".

Ënnert der Leedung vun der Musiksproffessorin Geneviève CONTER gouf dat Ganzt musikalesch encadréiert vum FANNY an dem CATHERINA aus der péiténger Musiksschoul. D'Ausstellung kann nach bis den 27. Juni 21 (inclus) vun 15h00 bis 18h00 besicht gin.