Neit Gebai fir d'Gemengeservicer

Kiirzlech wor d'Aweihung vum HAUS BEI DER KOR op 1C, rue de la chiers zu Péiténg.

A Präsenz vum Buergermeeschter Pierre MELLINA, Vertrieder aus Scheffen a Gemenge rot, as dat neit Gebei agweiht gin, woubäi d'Opmierksamkeet dem Neiubau dee komplett aus Holzmaterial besteet gegolt huet.. De Buergermeeschter huet a sénger Usprooch ze verstoë gin, wéi wichteg dëse Bau fir di verschidden Servicer vun der Gemeng as an et noutwenneg war dem Mangtum u Bürosräim esou entgéint ze goen. D'Gebai as versin mat enger Photovoltaikanlag a Kombinatioun mat Gringanlag op dem flachen Dach.No enger Féierung duerch d'Gebai, as dat Ganzt mat engem Maufel an engem Patt zesumme gefeiert gin. De Kuch mam Ôfbild vum Gebai gouf gestëft vum Architektebüro WW+ vun Esch.