De leschte Samsdën, 29. Januar 2011, wor am Centre Culturel "op der Fabrik" eng Méi lass. Eng Premiere stung an d'Haus fir de Centre Culturel "op der Fabrik", a säi Numm gouf deen Dag sëcher net mëssbraucht, souwait ee Musék a Video als Kultur ugesait.
Ëm déi 70 Jugendlecher haten sech do afonnt fir ee Videodréi zum éischte Lidd vun der neier lëtzebuergescher Musikgrupp "Superjams". Dat ganzt sollt ee "one take shot" ginn, de Video gëtt also net geschnidden. Vun der éischter Sekonn bis zur leschter leeft Kamera an trotzdeem solle souvill Szene wéi méiglech dra virkommen. Dëst gouf och dee ganzen Dag iwwer preparéiert. Déi verschidden Akteuren wore schon am Virfeld iwwer de Script an hier Rollen informéiert ginn a konnten sech optimal virbereeden.
Während dem Lidd/Video, geet de "Stiff" (Sänger vun Superjams) duerch déi ganz "Fabrik" an begéint verschiddene Leit.
All d'Akteuren, zu 100% Amateurakteuren, hunn op fräiwëlleger Basis mattgewierkt.
Hei kënnt dir iech dann de Video ukucken:
http://www.youtube.com/watch?v=ImEdgqHvd4s