Cäeciliefeier

Réiden/Atert. Zu Réiden ass den Héichpunkt vum Fest vun der helleger Cäecilia, der Schutzpatréinerin vun de Musikanten a Sänger, all Joer d’Cäeciliemass, dës Kéier fir d’éischt zelebréiert vum Père Vincent Billot. Fir de musikalischen Encadrement vun dësem feierliche Gottesdéngscht suergen zënter Joren d’Réidener Musik ënnert der Leedung vun hirem Dirigent Ernie Hammes, an de Réidener Gesank, zesumme mat der Chorale Réunie Biekerech/Rippweiler/Schweech ënnert der Direktioun vun hirem gemeinsame Chef Henri Bissen. Begleet gouf de Chouer wéi all Joer vum Organist Carlo Philippe. Uschléissend un d’Mass huet de President vum Piusverband, den Här Albert Brauch, d’Sängerinnen Andrée Schaus-Reisen a Susi Reichling-Aubart mat der „Médaille en or avec palmettes“ fir 40 Joer Memberschaft am Verband ausgezeechent. Béid Damme sinn zënter der Grënnung vum gemëschte Chouer (am Joer 1978) ouni Ënnerbriechung a mat Häerz a Séil am Asaz fir de Réidener Gesank. Besonnesch geéiert gouf de Joseph Mack, besser bekannt als „Macke Jos“. Hien ass schonn de 9. November dëst Joer vum Äerzbëschof Monseigneur Jean-Claude Hollerich perséinlech fir seng trei Déngschter am Chouergesank ausgezeechent ginn, an zwar mat engem Diplom „über 60 Jahre Mitgliedschaft“. Hie war ënnert anerem President vun der Réidener Chorale vun 1987 bis 2009, an ass och haut nach ëmmer aktive Sänger. Dës dräi Leit verbënnt ganz gewëss d‘Freed um Gesank an um komerodschaftlichem a gesellige Veräinsliewen. Domat droe si derzou bäi fir eng kulturell wichtig Duerftraditioun ze erhalen.