Cäeciliefeier

Réiden/Atert. Wéi all Joer ass d’Cäeciliemass den Héichpunkt vum Fest vun der helleger Cäecilia, der Schutzpatréinesch vun de Musikanten a Sänger. Fir de musikalischen Encadrement vun dësem feierliche Gottesdéngscht, zelebréiert vum Père Vincent Billot, suergen zënter Joren de Réidener Gesank an d’Réidener Musik. Dëst Joer stung d’Chorale ënnert der Direktioun vum Josette Ourth a gouf vum Carlo Philippe op der Uergel begleet.

A Presenz vum UGDA Vertrieder Jean-Paul Kinnen huet d’Presidentin vun der Chorale Réiden, d’Marie Anne Seiter-Rings, enger Rei Sängerinne fir hire laangjärigen an treien Asaz Merci gesot an hinnen d’Medaille vum Piusverband iwwerreecht. Geéiert si ginn: Constance Schimberg a Vori Richea mam “Insigne de mérite fir 5 Joer, Marie-Paule Rasqué-Schaus mat der Pius-Medaille am Bronze fir 10 Joer, Raymonde Esser a Ria Riffer mat der Pius-Medaille am Gold fir 30 Joer, Marie Anne Seiter, Odette Glaesener a Christiane Scholtus mat der Pius-Medaille am Gold mat Palmette fir 40 Joer. Besonnesch geéiert, mat der Pius-Goldplakett fir 50 Joer, gouf d’Mouchi Fasbinder. Schonn als jonkt Meedche war d’Mouchi Sängerinn a sengem Heemechtsduerf Ueschdrëf, zesumme mat sengem Mann Fernand ass hatt zënter hirem Bestietnis aktive Member vum Réidener Gesank.