E Stopp fir e Mupp - d'Gemeng Stroossen ënnerstëtzt ASA Honn

Freides, de 26. Juni war et nees esou wäit. Scho fir 3. Joer hannereneen huet d'Gemeng Stroossen déi Verantwortlech vun der Organisatioun ASA Honn invitéiert. Am Kader vun hirem "Marché bimensuel" sinn och dëst Joer d'Stëpp iwwereecht ginn. Säit mëttlwerweil 3 Joen stinn an der Gemeng Stroossen an all Schoulgebai, am Centre culturel an an der Gemeng selwer, flott giel Poubelle mat faarwege Punkten, wou jidderee seng Plastiksstëpp kann drageheien. Dëst huet e grousse Succès, an dofir konnten déi Verantwortlech vun der Gemeng dann och nees eng rieseg Quantitéit u Stëpp vermellen.
D'Madame Marion Watry mat hirem "Emir", begleet vun engem Patient, dem Norbert mat sengem Assistenzhond "Cartoon", hunn, stellvertriedend fir "ASA Honn", d'Stëpp entgéint geholl. E ganz grousse Merci geet un d'Gemeng Stroossen, an all déi Leit déi hei d'Stëpp sammelen! D'Madame Watry huet de Leit erklärt, wéi d'Ausbildung vun engem Assistenzhond verleeft, an den Norbert huet e bëssi aus sengem Alldag mam "Cartoon" erzielt. Doduercher konnt ee wieklech eraushéieren, wéi wichteg et ass, dass esou Hënn ausgebild ginn. Dofir, sammelt fläisseg weider, fir dass mir d'nächst Joer nees eng Kéier kënnen déi "symphatesch Trupp" hei begréissen!!!