Spill mat!

Den 23. Juni, war zu Stroossen am Park Riedgen, op Nationalfeierdag dee mëttlerweil traditionnelle "Spill mat" fir Kanner tëscht 3 an 12 Joer. Dëst Joer stoung alles ënnert dem Thema "Zirkus". D'Wieder huet Gott sei Dank matgespillt, an sou stoung dëser 6. Editioun näischt am Wee, fir op d'mannst grad esou erfollegräich ze ginn, wéi déi Editioune virdrunn. De ganzen Nomëtte konnten d'Kanner u flotten Atelieren deelhuelen, wou benevol Mataarbechter vun der Gemeng Stroossen, ënnerstëtzt vu Memberen aus verschiddene lokale Kommissiounen oder Veräiner, der "Asbl Géckegen Iesel", an och vun e puer Studenten, si betréit hunn, an hinnen d'Méiglechkeet ginn hunn, fir Spiller auszeprobéieren, déi haut net méi sou alldeeglech sinn. Do gouf et z.B. Ateliere fir Hulla Hopp, Einrad, Stelzen, "Seeldanzen", e flotte selwergemaachte Memory op Bamstammscheiwen, Jongléieren a Jongléierbäll selwer maachen, a villes méi. Den NSL, ee vun de lokale Sportsveräiner huet fir d'leiflecht Wuel gesuergt, an als Ofschloss konnten d'Kanner nach eng flott Show am Zirkus kucken. Mir blécken zefridden zeréck op en alles an allem gelongenen Dag.
Freet Iech elo scho mat eis op déi 7. Editioun, op Nationalfeierdag 2016.