Scheckiwwerreechung vum "Stroosse wibbelt"

Den 10. Mee 2015 wor zu Stroosse schonn déi 8. Editioun vum "Stroosse wibbelt". Dës mëttlerweil traditionnell Manifestatioun fir Grouss a Kleng, organiséiert vun der Stroossener Gemeng, an Zesummenaarbecht mat der Veräins- a Sportskommissioun, wor natierlech nees fir de gudden Zweck. Déi lokal Veräiner hu fir d'leiflecht Wuel gesuergt, an den Erléis dovunner, a vun den Inscriptiounen, dee goung integral un d'"Association Luxembourgeoise des Groupes Sportifs Oncologiques" an un "Les Enfants du Vietnam, Luxembourg".
Den 20. Mee hat d'Gemeng Stroossen dunn op eng kleng Receptioun invitéiert, wou ënner anerem dës 2 Associatiounen hire Scheck iwwerreecht kruten. D'Vertrieder vun den Organisatiounen hunn an hirer jeweileger Usprooch e grousse Merci geriicht, un d'Gemeng, d'Veräiner, d'Sponsoren BGL a Foyer an un all déi involvéiert Leit, déi et erméiglecht hunn, dass déi flott Somme vun am ganzen 4.946,50€ konnt gespend ginn.