2022 e gudd Joer an en excellent Resultat um UGDA Concours fir d’Uespelter Musek

Viru kuerzem huet d’Uespelter Musek hir Generalversammlung ofgehale fir op d’Joer 2022 zeréckzekucken.

De President Pol Schiltz huet all Invitéen, d’Memberen, d’Éierememberen, d’Vertrieder vun aner Veräiner, den 1. Schäffe vun der Gemeng Fréiseng, Carlo Raus , souwéi de Conseiller Claudio Mongelli begréisst. Hien huet e kuerze Réckbléck gemaach op dat läscht Joer,ervirgehuewen huet en d’Participatioun vun der Musek um UGDA’s Concours am Mee. Hei hunn si en stolzen 1er Prix mat 89 vun 100 Punkte souwéi en Extra Präis vun der UMI kritt.

D’Sekretärin Sonja Nimax huet en detailléierte Réckbléck op d’Aktivitéite vun 2022 ginn. Éischten Héichpunkt war jo d’Bedeelegung um Concours am Mee. Den zweeten Héichpunkt vum Joer war Ufanks Oktober, wou et endlech geklappt huet mam Besuch vun der Koninklijke Fanfare St. Caecilia Hulsberg aus Holland. Déi zwou Museken e Concert zu Fréiseng presentéiert hunn an e flotte Weekend matenee verbruecht hunn. D’Musek hat 51 Prouwen, 5 Concerten a 14 aner Sortien/Manifestatiounen. D'Musek besteet momentan aus 102 Memberen déi am Jugendorchester der grousser Musek, souwéi am Comité sinn.

Och de Bilan vun der Keesière Feidt Cynthia huet eng gesond finanziell Situatioun vun der Musek presentéiert. D'Keeserevisoren hunn confirméiert, dass d’Keess ganz gewëssenhaft a korrekt gefouert ginn ass, wourop d’Versammlung duerch Acclamatioun Decharge ginn huet.

Leider hunn Feidt Cynthia a Schneider Christine am Comité opgehalen, si kruten als klenge Merci e puer Blummen iwwerreecht. Nei derbäi komm sinn de Schneider Jeff an de Weber Fränk. Des weidere besteet de Comité wéi follegt: Schiltz Pol, Daems Josephine, Daems Serge, Damy Fabrice, Nimax Sonja, Schoup Michel, Schütz Serge, Settinger Lucien, Specchio Mike, Streff Michel, Steichen Anne-Sophie.

De Schiltz Pol ass och unanime vun der Assemblée nees als President bestätegt ginn. Jugenddelegéierte si Gomes Rodrigues Julia a Wiltzius Noély, an d’Keeserevisore si Reiter-Duprel Josiane a Bernier Ley Adrienne.

No den Neiwalen ass de Programm vun der neier Saison 2023 presentéiert ginn. Hei e puer Eckdaten erausgepickt: wéi de Concert Únlimited de 25. Mäerz an den Hierscht-Concert de 25. November. Et ass och virgesinn datt d’Uespelter Musek dëst Joer de Weekend vun National Feierdag an Holland als Retour op en Ausfluch mat Concert op Hulsberg fiert.

Den éischte Schäffe Carlo Raus huet nach emol der Uespelter Musek felicitéiert fir dat fantastescht Resultat um Concours an huet eis gelueft fir déi flott Aarbecht déi mir mat der Jugend maachen an dem Sënn solle weiderfueren.

Den Dirigent Albert Nimax huet senge Musikanten e grousse Merci ausgeschwat. Trotz der Pandemie hätte mir kee Musikant verluer an trotz der Skepsis am Ufank wéi et geheescht hät mir ginn op de Concours, dëst déi beschten Decisioun gewiescht wier fir déi schwiereg Zäit gutt ze iwwerstoen

Deen Owend ass och profitéiert ginn den Erléis vun helleger Owend un den Här Diakon Leon Weber vum Fréisenger Parverband ze iwwerreechen. Dësen huet villmools Merci gesot a gemengt op d’Uespelter Musek wier ëmmer verlooss.

Och kruten e puer Musikante verschidde Medaile vun der UGDA iwwerreecht. Den Insigne fir 5 Joer kruten : Cortolezzis Luca, Daems Maxime, Groben Tina, Lopes Meysembourg Alexandre, Reinert Lisa, Schroeder Loïc a Schütz Serge. Fir 20 Joer, d’Medaille de mérite en argent kruten de Schneider Jeff a Weber Gilles. Eng Medaille de mérite en vermeil avec palmette fir 40 Joer krut Reiter-Duprel Josiane iwwerreecht.

Den Här Wiltzius Jean ass och zum Éieremember op Liewenszäit vun der Uespelter Musek ernannt ginn a krut och en Diplome an e klenge Kaddo iwwerreecht.