UNLIMITED – “Back to the 80’s” mat der Uespelter Musek

Di ronn 300 Museksfrënn, déi der Invitatioun vun der Uespelter Musek fir hire Concert „Unlimited – Back tot he 80’s“ 2024 Mëtt Mäerz nokomm waren, goufen net enttäuscht.

Ënnert der Leedung vun hirem dynameschen Dirigent Nimax Albert hunn déi knapp 50 Musikante verschidde Musiksstécker aus den 80er Joren aus aller Welt interpretéiert. Vun „The little Mermaid“- „Quand la musique est bonne » - „Major Tom“ – „Come on Eileen“ iwwer „Eternal Flame » bis „Simply the Best“ war fir all Goût eppes derbäi.


Och de Jugendorchester huet bewisen, wat si a kuerzer Zäit ageprouft hunn. Op eng originelle Manéier hunn si e puer Stécker op Fläsche gespillt an och engem Éieremusikant op déi Aart a Wéis en Happy B-Day gespillt.

Duerch den Owend huet d’Sonja Nimax mat flotten Anekdote vun den 80er Joren aus der Gemeng Fréiseng an der Welt gekonnt geleet.


De President Schiltz Pol huet all Éieregäscht, Sponsoren an Nolauschterer Merci gesot fir hir Präsenz an hier trei Ënnerstëtzung.


All Musikant op grouss a kleng mat hirem Dirigent hunn de Publikum esou begeeschtert dat dës ne top hire Still ze hale waren. Et gouf mat gedanzt a gesong. Et war einfach e gelongenen Owend.


D’Musik ass vun dem begeeschterte Publikum eréischt no e puer Zugaben, ënner anerem „Hells Bells“ vun der Bün entlooss ginn.