De Kommentar vum Publikum nom Concert war: „Et wor nees e musikalesche Genoss mat der Uespelter Musek, Musek mat Lightshow, mir goufen net enttäuscht.
Enn Mäerz huet et dëst Joer geheescht “Unlimited – Welcome to the 90’s”.
D’ Lou Schiltz huet mat vill Freed a Witz de Leit erkläert wat déi 40 Kanner aus dem Jugendorchester a kuerzer Zäit ageprouft hunn. No de Fläschen d’läscht Joer waren et dëst Joer d‘Boomwhackers woumat si de Publikum iwwerrascht hunn.
Nom Wiessel vu klengem op groussen Orchester huet d’Sonja Nimax mat interessant a flotten Anekdote vun den 90er Joren aus der Gemeng Fréiseng an de Räscht vun der Welt gekonnt geleet.
Ënnert der Leedung vun hirem jonkgebliwwenen Dirigent Albert Nimax hunn d‘Musikante verschidde Musiksstécker aus deene Jore gespillt. Vun „Mission Impossible“- „Hercules » - „Westernhagen“ – „Book of Love“ iwwer „Latin Pop » bis „Best of Boy Bands“ war fir all Goût eppes derbäi.
All Musikant op grouss a kleng mat hirem Dirigent hunn de Publikum esou begeeschtert dat dës net op hire Still ze hale waren. Et gouf mat gedanzt a gesong. Et war einfach e gelongenen Owend.
De President Schiltz Pol huet allen Éieregäscht, Sponsoren an Nolauschterer e grousse Merci fir hir Präsenz an trei Ënnerstëtzung ausgeschwat.
Beim läschten Stéck konnten d’Nolauschterer esouguer an enger Challenge eppes gewannen – schliisslech heescht de Concert jo „Unlimited, be suprprised …“
De Publikum huet d’Musiker eréischt no e puer Zugabe vun der Bün entlooss.
Nächste grousse Concert mat der Uespelter Musek ass den 29. November 2025 zu Fréiseng an der Sportshal.