E gutt Joer 2023 bei der Uespelter Musek

Den 13.01.204 huet d‘ Uespelter Musek hir Generalversammlung vum Joer 2023 ofgehalen. Am Ufank huet de President Pol Schiltz al Musikanten, de Buergermeeschter, Mme Corsi Kohnkow vun der Ugda, Vertrieder vun den anere Veräiner an al aner Museksfrënn begréisst. Hien huet all sengen Aktiven Merci gesot fir déi allgemeng gutt Zesummenaarbecht wärend dem Joer.

Eng Gedenkminutte gouf vir déi Verstuerwen ofgehalen, besonnesch vir de Mike Specchio (Komiteesmember) deen si am Joer verlooss huet.

D‘ Sekretärin Sonja Nimax huet dunn d'Aktivitéite vun 2023 opgezielt. Allgemeng gouf festgestallt, datt déi vill Aktivitéiten, sief et Prouwen, Concerten, oder aner Manifestatiounen zum Joer gutt besat waren. Den Highlight war awer de Concert zu Hulsberg an Holland. Och hei nach eng Kéier e grousse Merci un d‘Gemeng Fréiseng, dass dëse Kulturaustausch stattfanne konnt.

Den Tresorier Fränk Weber huet d'Finanze vum Veräi virgestallt, a konnt e gesonde Bilan mellen. Seng excellent Aarbecht gouf dunn och vun de Keeserevisore bestätegt. Wärend der Generalversammlung gouf de Kommitee confirméiert wou 1 Member opgehalen huet, an 3 Neier unanime opgeholl goufen. Den aktuelle Kommitee besteet elo aus 14 Memberen.

E weidere Punkt um Ordre du jour war d'Medaileniwwerreechung vun der UGDA wou d‘ Vertriederin vun der UGDA an de Buergermeeschter follgend Musikanten auszeechne konnten : (vir 5 Joer) Buchholtz Yann, Da Costa Oliveira Mathis, Ernster Alexia, Ernster Aurélie, Kieffer Romane, Krantz Charel, Raus Lina, Stormé Yasmine, Weaver Diana, (vir 10 Joer) Ferreira Pais Pedro, Ferreira Ribeiro Diogo, Mersch Charel, Reiter Pit, (vir 20 Joer) Raus Tom, (vir 30 Joer)Penning-Kohn Martine, Weber Anne-Marie a (vir 40 Joer) Buchholtz Jean-Claude .

Zum Schluss huet de Buergermeeschter Roger Beissel dem Veräin zu der gudder Aarbecht gratuléiert.

Den Dirigent Albert Nimax konnt och nëmme Guddes zielen an huet seng Musikanten an de Kommitee gelueft.

No der Versammlung gouf den Owend mat engem Maufel zesummen ofgeschloss.