Unlimited "Girls, Girls, Girls"

De 25. Mäerz stoung bei der Uespelter Musek de Concert „Unlimited" um Programme mam Thema "Girls, Girls, Girls" an dëst bei bis op déi läscht besate Plaz.

De Jugendorchester huet d’Leit nees mat e puer flotter Stécker begeeschter an huet souguer mam "Kitchen Concerto" op der Bün gekacht.

Du goung et direkt mam groussen Orchester weider,wou dëst Joer ausschliisslech Stécker vu Sängerinnen um Programme stoungen.

Stëmmung ass mat Lidder vu Celine Dion, Britney Spears, Shania Twain, Madonna, Alanis Morissette, Ava, Cindy Lauper, Lady Gaga, Dua Lipa, Roxette a nach villen aneren, ëmmer besser ginn, an zum Schluss stoungen d'Leit am Sall a hunn souguer gedanzt.

Audiopool vu Fréiseng huet dëst Joer och nees vir déi néideg a fantastesch Bünebeliichtung gesuergt.

Mat de gefuerderten Zugabe goung e flotte musikaleschen Owend mat de „Girls, Girls, Girls" zu Enn.