"Koninklijke Fanfare St. Caecilia Hulsberg" (NL) bei der Uespelter Musek

Desen Hierscht war et endlech esou wäit. Vum 7. bis den 9. Oktober 2022 war "Koninklijke Fanfare St. Caecilia" vun Hulsberg (NL) bei der Uespelter Musek op Besuch. Scho virun der Pandemie sollt des Concert-Rees stattfannen.

Um Freideg Nomëtteg si si zu Lëtzebuerg ukomm an hu sech zu Remerschen an der Jugendherberg aquartéiert. Duerno hu si sech mat der Uespelter Musek zu Fréiseng getraff, wou déi zwou Museken de "Gala-Concert NDL -LUX" gespillt hunn.

Am éischten Deel hunn d'Museker aus der hollännescher Fanfare gewise wat si drop haten. Mat Stécker wéi "Bugler's Holiday" oder "Pearl Habor" hu si hire Publikum matgerappt. Am zweeten Deel huet d'Uespelter Musek gewise, woumat si den 1. Präis vum UGDA-Concours kritt huet.

Den zuelräiche Publikum war hell begeeschtert vun deenen zwou Museken an huet si mat "standing Ovations" belount. Nom Concert, deen ënnert dem Patronage vun der Fréisenger Gemeng stoung, gouf den Owend bei enger super Stëmmung ausklénge gelooss.

Samschdes moies goung et dunn och direkt fréi lass. Déi hollännesch Kolleegen hunn de Musée vu Schengen gewise kritt a sinn duerno an d'Abteistad Iechternach gefuer. Nomëttes war e Besuch an der Kellerei "Kohll-Leuck" zu Éinen geplangt, wou si erkläert krute, wéi de Wäin gemaach gëtt. Natierlech hunn si dunn och all eis gutt Wäiner ze schmaache kritt.

Owes huet d'Gemeng Fréiseng di zwou Museken op en Éierewäin ageluede, wou de Buergermeeschter Roger Beissel nach eemol op dee flotte Concert agaangen ass an alle Musikanten zu deem flotten Evenement gratuléiert huet.

Duerno huet d'Uespelter Musek déi Hulsberger Musek op en Iessen agelueden, wou d'Stëmmung net besser konnt sinn. Zum Schluss sinn d'Instrumenter nees ausgepaakt ginn, an déi zwou Museken hunn en etlech flott Polka'en zesumme gespillt.

Sonndes moies, nodeems d'Gäscht sech nach eemol d'Musel bei engem Spadséiergang ugekuckt hunn, si si nees zeréck an hier Heemecht gefuer.

"E gelongene Weekend" hunn déi zwou Museke gemengt an et gouf och schonn direkt ugefaangen d'Visitt vun der Uespelter Musek zu Hulsberg ze plangen.