Concert “No der Paus” - Den eenzege Concert vun der Uespelter Musek am Joer 2021


Enn November hat d'Uespelter Musek op e Concert an d'Fréisenger Hal invitéiert. Virun hirem treie Publikum huet den Ufank de Jugendorchester 2.0 gemaach , ier gläich drop de groussen Orchester fir en flotten usprochsvollem Owend gesuergt huet mat Wierker ewéi “Captain America”, ”Ouverture Jubiloso”, ”The Phantom of the Opera”, “Yesterday”, ”Lorraine”, “Moment for Morricone” a “Highlights from Frozen”, dat Ganzt ënnert der Direktioun vum Albert Nimax. Duerch den Owend huet Wiltzius Noély gefouert.

Am Laf vum Owend goufen och vun den UGDA Vertrieder den Hären : Roulling Roger, Gravier Maurice a Kreintz Josy souwéi vum Buergermeeschter Beissel Roger Medailen un verdéngschtvoll Memberen iwwerreecht. D’Medaille en argent Grand-Duc Adolphe (50 Joer) kruten : Schiltz-Martin Huguette, Ernster Erny, Raus René an Nimax Albert an d’Medaille en vermeil Grand-Duc Adolphe avec palmette (70 Joer) den Weyrich Pierre. Als Éieremusikant op Liewenszäit gouf den Ernster Erny ernannt.

No der gefuerderter Zugab “Thank you for the Music” vun ABBA goung e flotte musikaleschen Owend op Enn.