"Unlimited" vun der Uespelter Musek, dës Kéier mat Musek vun Queen

Enn Mäerz war et esouwäit, d’Uespelter Musek konnt hire Concert „Unlimited Queen in Harmonie“ no 2 Joer endlech viru Publikum an der voll besaten Hal spillen.

Kuerz no 20 Auer huet de Jugendorchester d’Leit mat engem Bodypercussion-Stéck „Wëllkomm“ begréisst. Voller Freed hunn si hiert Kënne gewise mat flott Stécker ewéi Hello vun Adele, CoolKids vun Echosmith an Handclap vu Fitz an the Tantrums.

Gläich drop huet de groussen Orchester mam gläichen Elan iwwerholl, an de Publikum mat 12 Stécker exklusiv vun der Grupp QUEEN begeeschtert. e.a "Innuendo", "Who want's to live forever", "Bohemian Rhapsody", "Another one bites the Dust", "Don't stop me now", "The Show must go on", "Under Pressure", "Radio Ga Ga" an natierlech "We will rock you".

An 2 Lidder hunn d’Musikanten dann och bewisen dat si och sange kënnen, a beim „Teo Toriatte“ souguer op japanesch.

D’Noély Wiltzius an d’Sonja Nimax hunn mat kuerzen a flotten Anekdoten iwwert d'Band duerch den Owend gefouert. Audiopool vu Fréiseng huet vir déi néideg Bühnebeliichtung gesuergt.

D’Stëmmung vun der Musek ass voll op de Publikum Iwwergang.

No der gefuerderte Zugaben goung e flotte musikaleschen Owend mat „We are the Champions" zu Enn.

(Foto: Ben Schiltz)