Vill Aktivitéit bei der Uespelter Musek.

Viru kuerzem huet d’Uespelter Musek hir Generalversammlung ofgehale fir op d’Joer 2019 zeréckzekucken.

De President Pol Schiltz huet all Invitéen, d’Memberen, d’Éierememberen, d’Vertrieder vun aner Veräiner, den 1. Schäffen vun der Gemeng Fréiseng, Carlo Raus , souwéi d’UGDA-Vertrieder Josy Kreintz a Maurice Gravier begréisst. Hien huet all de Musikanten, Memberen, Sympathisanten a Sponsoren fir hire Support op allen Niveauen vum läschte Joer e grousse Merci ausgeschwat.

D’Sekretärin Sonja Nimax huet en detailléierte Réckbléck op d’Aktivitéiten vun 2019 ginn. Do ass speziell d’Rees op de Weissensee an Éisträich am Mee erausgestach. D’Musek hat 50 Prouwen, 10 Concerten a 17 aner Sortien/Manifestatiounen. D'Musek besteet momentan aus 104 Memberen déi am Jugendorchester der grousser Musek, souwéi am Comité sinn.

D’Caissière Anne-Sophie Steichen huet de Bilan gemaach an déi ganz gesond finanziell Situatioun presentéiert, trotz gréisseren Ausgaben. D'Keeserevisoren hunn confirméiert, dass d’Keess ganz gewëssenhaft a korrekt gefouert ginn ass, wourop d’Versammlung duerch Acclamatioun Décharge ginn huet.

No den obligatoreschen Neiwale besteet de Comité wéi follegt: Schiltz Pol, Daems Serge, Streff Michel, Steichen Anne-Sophie, Nimax Sonja, Schneider Christine, Ernster Erny, Daems Josephine, Damy Fabrice, Settinger Lucien, Specchio Mike Schütz Serge an nei derbäi ass de Schoup Michel. Jugenddelegéierte bleiwe Biewer Julie a Reiter Pit.

Fir hier 25 Joer am Comité krut Daems Josephine e puer Blummen iwwerreecht. Och ass deen Owend profitéiert ginn eng Enveloppe mam Boni vun helleger Owend un Sozialaktioun vum Fréisenger Parverband ze iwwerreechen.

Duerno ass de Programm vun der neier Saison 2020 presentéiert ginn. Hei e puer Eckdaten erausgepickt: wéi de Concert Únlimited den 21. Mäerz an de Filmharmonie-Concert den 28. November, de Besuch vun enger hollännescher Musek vum 16. bis den 18. Oktober, déi de 16. Oktober zesumme mat der Uespelter Musek e Concert spille wäerten.

Am Numm vun der UGDA huet de Josy Kreintz de Geéierten gratuléiert an och der Musek nach eemol felicitéiert fir de flotte Concert wou si mat der Harmonie vu Munneref d’läscht Joer am Conservatoire an der Stad gespillt hunn. Den éischte Schäffen Carlo Raus huet d’Engagement vun der Uespelter Musek gelueft, datt Gemeng Fréiseng houfreg ass op esou eng Musek mat esou vill Idealismus.

Den Dirigent Albert Nimax huet Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht mat der Gemeng, dem Comité a senge Musikanten. Mat Stolz konnt hien feststellen dass de Prouwebesuch besser ginn ass, a freet sech schonn op déi nei Erausfuerderungen vun 2020.

Zum Schluss vum Owend goufe verschidde Musikanten vun der UGDA geéiert. Den Insigne fir 5 Joer kruten: Back Sam, Ferreira Pais Pedro, Ferreira Ribeiro Diogo, Franck Michel, Gomes Inês, Gomes Julia a Wiltzius Noély. Fir 10 Joer goufe Siebenaler Svenja, fir 20 Joer Nimax Nathalie a Settinger Lisa, a fir 30 Joer Daems Henri, De Cillia-Reding Françoise a Weber Danielle ausgezeechent.