Scheckiwwerreeschung vun de Karlsruher Studenten un Make-a-Wish Luxembourg

E Samschdeg, de 25. November 2017 huet AELK, de Cercle vun de Lëtzebuerger Studenten zu Karlsruhe, en Don vun 3700€ u Make-A-Wish Luxembourg ASBL iwwerreecht. Des Sue goufen am Kader vun der traditioneller jäerlecher Vëlosheemrees gesammelt.

Den 30. Juni 2017 haten sech erëm eng ronn 20 Studenten op den 230km laange Wee vu Karlsruhe op Lëtzebuerg gemaach an duerch Parrainagen an Done Sue fir de gudden Zweck gesammelt. Weider Informatiounen iwwer d' Vëlosheemrees fannt der ënnert: velo.aelk.lu

Make-A-Wish Luxembourg ASBL huet sech als Missioun gesat, Kanner mat liewensbedroleche Krankheete Wënsch ze erfëllen, fir hinnen d' Erfarung vun Hoffnung, Stäerkt a Freed ze schenken. Déi néideg Suen dofir komme reng aus Spenden.

E grousse Merci nach eemol un eis Coureuren, awer och un jiddereen deen eis mat engem Don oder Parrainage ënnerstëtzt huet! Mir freeën eis schonns op d’ nächst Joer.